
Um Samschdeg stoung d’Mariya Shkolna an der Kategorie Compound an der Halleffinall, nodeem si an der Aachtelsfinall mat 148 Punkten en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt hat an och an der Véierelsfinall hirer Géignerin keng Chance gelooss hat.
An der Halleffinall goung et fir d’Lëtzebuergerin géint d’Ella Gibson aus Groussbritannien. Um Enn huet sech d’Shkolna mat 146-148 musse geschloe ginn an hat e puer Minutte méi spéit d’Chance op d’Bronze-Medail. De Match géint d’Sophie Dodemont aus Frankräich war nach méi enk, mä och hei huet der 24 Joer aler Lëtzebuergerin um Enn ee Punkt gefeelt, fir Bronze mat heem ze huelen.