
Nodeems den Oliver Glasner et dëst Saison mat Wolfsburg jo an d’Champions League gepackt hat, hat hie jo decidéiert, neien Trainer zu Frankfurt ze ginn. Elo huet Wolfsburg da mam van Bommel selwer en neien Trainer fonnt. Den Hollänner kritt e Vertrag bis 2023.
De van Bommel huet selwer vun 2006 bis 2011 an der Bundesliga gespillt, fir Bayern München stoung hien 123 Mol an der däitscher Liga um Terrain.