
De Markus Anfang gëtt neien Trainer bei Werder Bremen. Domadder huet de Veräin, dee jo nom Ofstig d’nächst Saison an der 2. Bundesliga spillt, säi Mann op der Trainerbänk fonnt, mat deem een d’nächst Saison den direkte Retour an d’Bundesliga wëllt packen.
Wéi laang de Kontrakt vum Anfang geet, ass net bekannt. Wéi et am Schreiwes vum Veräin en Dënschdeg heescht, géing een dozou näischt soen.