
An der First Amateur Division an der Belsch huet Virton e Sonndeg auswäerts mat 1:0 géint Boom gewonnen. Den Aurélien Joachim an de Lucas Prudhomme stoungen an der Startformatioun. Virton steet elo op der drëtter Plaz an der Tabell.
An der Ligue a Frankräich huet Lille géint Montpellier 0:0 gläich gespillt. D’Ekipp vum Gérard Lopez steet weiderhin op der zweeter Plaz an der Tabell.
Pau an der “National” huet onglécklech mat 0:1 géint Concarneau verluer. Pau war nämlech vun der 20. Minutt un nach just zu 10, well de Yankuba Jarju Rout gesinn hat.
An der 63. Minutt ass den decisive Gol fir d’US Concarneau gefall, déi domat zu Pau wanne kann. Virum Match hate béid Formatiounen d’selwecht vill Punkten um Kont a stoungen an der Mëtt vun der Tabell.
Iwwer de Lëtzebuerger Vincent Thill sinn e sëllechen Aktioune no vir gelaf, ma ouni Gol-Fortune ...
An der Ligue 2 huet de Christopher Martins mat Troyes auswäerts géint Chamois Niort gespillt, dee Match ass um Enn 1:1 ausgaangen.
An der Tabell ass Troyes 7., Niort ass 10.