FuttballMarvin Martins wiesselt an déi 2. portugisesch Liga

RTL Lëtzebuerg
An zwar huet de Spiller beim Veräin Casa Pia vun der Segunda Liga ënnerschriwwen, sou wéi de Site zerozero.pt matdeelt.
© AFP

De 25 Joer ale Spiller hat zum Schluss vun der Saison de Veräin Karpaty Lviv an der Ukrain verlooss an huet een neie Veräin gesicht.

Casa Pia, an der Géigend vu Lissabon, huet dës Saison ewell e Match géint Leixões gespillt, wou se gläich gespillt hunn. Wéinst der Corona-Pandemie hat de Veräin sech virum Ofstig gerett, se waren nämlech leschte vum Championnat, wéi d’Pandemie ugefaangen huet.

Nom Eric Veiga, Tim Hall a Vincent Thill ass de Marvin Martins de 4. Lëtzebuerger, deen dës Saison a Portugal wäert spillen.

Back to Top
CIM LOGO