FC Jeunesse KanechMat nëmme 24 Joer ass de Raphael Duarte schonns Trainer

Tom Hoffmann
Zanter dem 14. Dezember 2018 steet de Raphael Duarte beim Veräin aus der Éierepromotioun an der Responsabilitéit.
Mat nëmme 24 Joer ass de Raphael Duarte schonns Trainer
Zanter dem 14. Dezember 2018 steet de Raphael Duarte beim Veräin aus der Éierepromotioun an der Responsabilitéit.

Och wann d’Altersmoyenne vum Kader identesch wéi den Alter vum Trainer ass, hat hie kee Problem, sech Respekt bei de Spiller ze verschaffen. Gedanken huet hie sech virun dësem Challenge trotzdeem gemaach, ob e bereet wier, dëse Schratt ze goen. Ma vun deem Ament un, wou hie sech sécher war, war alles an der Rei.

Speziell dëst Joer war net nëmmen déi laang Paus, mä och d‘Aufgab, fir 13 nei Spiller an de Kader ze integréieren.

De Raphael Duarte hat scho vu klengem u léiwer eng Taktik-Tafel am Grapp an esou gouf éischter eng Trainerkarriär wéi eng Futtballkarriär uviséiert.

Der Veräin Jeunesse Kanech spillt schonn eng länger Zäit eng grouss Roll a sengem Liewen. De Raphael Duarte ass immens engagéiert an huet eng professionell Astellung. Dovunner konnt de Comité sech iwwerzeegen, wéi hien nach Jugendtrainer zu Kanech war an dowéinst stoung hie ganz uewen op der Lëscht wéi 2016 an der Wanterpaus d’Trainerfro gestallt gouf.

Lescht Joer stoung Jeunesse Kanech op der 10. Plaz an der Éierepromotioun. Dëst Joer gëtt och éischter d’Mëttelfeld ugepeilt wéi den Opstig, och wann den Optakt an déi nei Saison gegléckt ass.

Back to Top
CIM LOGO