... dat, well d’Rout Léiwen ze vill Handgepäck dobäi haten. Esou hu Wallissen a Material, déi net méi bei d’Bagagë gepasst hunn, am Fliger misse stockéiert ginn. Dat huet natierlech Zäit kascht an d’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz ass mat eppes méi wéi 20 Minutte Retard mat hirem Charter-Vol a Richtung Aalborg geflunn.
Nom EM-Qualifikatiounsmatch géint Portugal waart en Dënschdeg den Owend mat Dänemark den nächste grousse Géigner op d’FLF-Formatioun. D’Dänen hunn individuell eng enorm Qualitéit, esou den FLF-President Paul Philipp.
„Et ass Toppniveau. Et ass offiziell e Frëndschaftsmatch, dofir kann et sinn, datt den däneschen Trainer deen een oder anere Spiller wäert dréine loossen, deen normalerweis net esou dacks an den Asaz kënnt - dofir gëtt et awer net méi einfach. Et ass e Géigner, dee mir brauche fir op eisem Niveau ze bleiwen.”
D’Nationalekipp mécht Fortschrëtter, dat huet een am Match géint Portugal gemierkt. Fir den nächste Schratt awer ze maachen, gëllt et, déi individuell Feeler géint déi grouss Natiounen ofzestellen. Den FLF-President weider:
„Ouni iergendengem wëllen nozetrieden, deen zweete Goal zu Lissabon hu mir eis quasi selwer geschoss. Dat war de Knackpunkt. Kuerz virdru war ee Moment, wou ee gespuert huet, datt de Public ugefaangen huet, méi nervös ze ginn. An du koum eben dee Feeler, wien och ëmmer e gemaach huet. Dat sinn déi Amenter, déi den Ënnerscheet maachen tëscht enger Ekipp wéi mir an eben Ekippe vun Toppniveau wéi Portugal.”
Och de Gerson Rodrigues, iwwert deen et e Sonndeg Opreegung gouf, ass en Dënschdeg den Owend mat dobäi.
En Dënschdeg den Owend spillen déi Rout Léiwen de Frëndschaftsmatch zu Aalborg géint Dänemark vun 19.00 Auer un. D’Partie gëtt live um Radio souwéi am Livestream op RTL.lu an op den Appen an och um 2. RTL op der Tëlee iwwerdroen.
