Luxembourg Ladies MastersMat zwou fréieren Nummer 1. awer ouni Mandy Minella

Tim Hensgen
Vum 17. bis den 20. Oktober ass an der Coque déi 3. Editioun vun de Luxembourg Tennis Masters.
Luxembourg Ladies Tennismasters
En Dënschdeg goufen déi lescht Spillerinne presentéiert.

En Dënschdeg huet den Organisateur déi lescht Spillerinne präsentéiert. Do feelt leider d’Mandy Minella.

Mee d’Lëscht vun de fréiere Superstaren, déi op de Kierchbierg kommen, ass impressionnant. Ugefaange mat zwou fréier Weltranglëschten Nummer 1.: D’Serbin Ana Ivanovic (1 Victoire bei de French Open), déi genau ewéi d’Martina Hingis (5 Grand Slamen gewonnen) fir déi zweete Kéier bei den Tennis Masters matmëscht.

Awer och bekannten Nimm ewéi Dominika Cibulkova (WTA 4) a Flavia Pennetta (WTA 6, 1 Grand Slam) sinn dobäi. Déi Däitsch Andrea Petkovic (WTA 9) a d’Kirsten Flipkens (WTA 13) zeie sécher Supporter aus dem noen Ausland an d’Coque. D’Magdalena Rybarikova (WTA 17) a Laura Robson (WTA 27) komplettéieren de staarken Tableau. Si wéilten den Niveau sou héich ewéi méiglech halen, et wier kee Showmatch, mä en Invitatiounstournoi.

Minella net dobäi

Aus Lëtzebuerger Siicht ass d’Mandy Minella wuel am Kaderprogramm aktiv, mä dës Saison streéckt si hir Tennisschong leider net. Déi fréier Lëtzebuerger Nummer 1 ass de Moment net fit genuch, mä spréngt der Dan Maas no awer an, wa sech e blesséiert.

D’Luxembourg Ladies Masters bleiwen unique op der Welt.

Eng Demande vun der WTA, fir esou Tournoien och op aner Plazen ze organiséieren, huet d’IWPT refuséieren. D’Organisateuren ëm d’Dan Maas wëlle mat engem eenzegen Event zu Lëtzebuerg bleiwen. Zwou fréier Nummer Eenten, am ganze fënnef Spillerinnen aus den Top 10, zwou aus den Top 20 an eng Sëlwermedailegewënnerin vun den olympesche Spiller sinn um Depart.

Kee Match verpasse mat RTL

Bei RTL verpasst der ewéi gewinnt kee Match. Sief et iwwer Stream oder Sonndes op der Tëlee: Donneschdes a freides sinn zwou Véierelsfinallen. Samschdes d’Halleffinallen an sonndes dann d’Finall um 15 Auer.

Back to Top
CIM LOGO