Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMathias Olesen gëtt bis d'Enn vun der Saison an d'Schwäiz ausgeléint

RTL Lëtzebuerg
Den 22 Joer ale Lëtzebuerger gëtt vum 1. FC Köln bis d'Enn vun der Saison an d'Schwäiz bei Yverdon Sport FC ausgeléint.
© AFP-Archiv

Dem Mathias Olesen säin neie Veräin spillt an der héchster Schwäizer Divisioun a steet do op der 9. Plaz. Vum 1. FC Köln heescht et, de Lëtzebuerger hätt sech an der leschter Zäit konstant weiderentwéckelt, hie bräicht elo awer virun allem Spillzäit, dofir hätt ee sech dofir decidéiert, de Mathias Olesen auszeléinen.

Back to Top
CIM LOGO