Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMaurice Deville mat 2 Goler bei Victoire vu Saarbrécken

RTL Lëtzebuerg
De Nationalspiller huet direkt an der 2. Minutt fir seng Faarwe konnte markéieren. De Vincent Thill stoung beim 0:0 vu Funchal vun Ufank un um Terrain.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

An der 3. Liga an Däitschland hat um Samschdeg de Mëtteg Saarbrécken Besuch vum Hallescher FC. D’Lokalekipp sollt dëse Match dann och verdéngt mat 4:0 gewannen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville sollt dobäi e super Dag erwëschen. Direkt an der 2. Minutt huet de FLF-Spiller fir seng Faarwe markéiert. An der 60. Minutt huet hien de tëschenzäitlechen 3:0 geschoss. No 76 Minutte war dem Maurice Deville säin Aarbechtsdag dunn eriwwer.

An der Schwäiz haten d’Young Boys Bern Besuch vu Vaduz. Ouni de Christopher Martins, deen jo verletzt ass, huet Bern de Match mat 1:0 gewonnen.

De Gerson Rodrigues stoung beim 1:1-Gläichspill vu Kiew géint Luhansk an der 11 de Base. An der 59. Minutt gouf hien du fir den Tsygankov ausgewiesselt.

An der 2. Divisioun an der Belsch ass St. Gilloise mam Golkipp Anthony Moris eng 4:2 Victoire géint Lommel gelongen. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer am Gol vu Gilloise.

Komme mir a Portugal. Hei huet den Tim Hall beim 0:0-Gläich vu Gil Vincente géint Santa Clara de Match vun der Bänk misse suivéieren. Aneschters ass et dem Vincent Thill gaangen. Bei sengem neiem Veräin Nacional Funchal stoung de Lëtzebuerger vun Ufank un um Terrain. An der 69. Minutt war seng Aarbecht awer gemaach an hie gouf ausgewiesselt. De Match ass mat 0:0 op e Enn gaangen. De Marvin Martins stoung bei der 1:0-Victoire vu Casa Pia géint Oliveirense 90 Minutten um Terrain. Den Eric Veiga ass bei der 1:2-Néierlag géint Porto B an der 80. Minutt fir Vilafranquense agewiesselt ginn.

De Mica Pinto war bei Sparta Rotterdam an Holland beim 4:4 géint den AZ Alkmaar an der hollännescher 1. Liga net am Kader.

A Griicheland huet PAOK 3:0 géint OFI Kreta gewonnen. Bei de Gäscht stoung de Vahid Selimovic déi 90 Minutten um Feld.

Samschdeg

An der 1. Liga an der Belsch hat den Danel Sinani Chance säi Kennen ënner Beweis ze stellen, nodeem’s hien jo vun Norwich City op Waasland-Beveren ausgeléint ginn ass. De Lëtzebuerger stoung beim 1:1-Gläichspill 90 Minutten um Terrain. Laang huet et dono ausgesinn dass d’Gäscht vu Genk de Match gewannen, éier de Vukotic an der 6. Minutt vun der Nospillzäit den 1:1 fir Waasland-Beveren markéiere konnt.

A Portugal huet an der Liga Pro de Marvin Martins mat Casa Pia 1:0 géint Oliveirense gewonnen. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain. An a der Primeira Liga war Gil Vincente beim Santa Clara op Besuch. De Tim Hall ass op Säite vu Gil Vincente bei 0:0-Gläich Spill net zum Asaz komm.

An der 2. Futtball-Bundesliga war um Samschdeg de Mëtteg de Karlsruher SC op Besuch zu Regensburg. Kuerz virun der Paus ass d’Lokalekipp duerch den Albers mat 1:0 a Féierung gaangen. Direkt no der Paus ass dunn e Lëtzebuerger Dirk Carlson fir den Heise agewiesselt ginn. Regensburg sollt de Match awer um Enn mat 1:0 gewannen. Karlsruher huet domat an deenen éischte 4 Matcher nach kee Gol geschoss a bleift am Keller vun der Tabell hänken.

An der Ukraine war Lviv, bei deenen den Enes Mahmutovic 90 Minutten op der Bank souz, op Besuch bei Rukh Lviv. De Match ass 0:0 ausgaangen.

De FK Ufa huet ouni den Olivier Thill géint Rotor Wolgograd 0:0-Gläich gespillt. Béid Ekippe bleiwen domat op deene leschten 2 Plazen an der Tabell. Ufa op der Plaz 15, Wolgograd op der 16 Plaz. Och dem Olivier Thill säi Brudder de Sebastien Thill stoung um Samschdeg net am Kader vu FK Tambov, déi 1:1 géint Arsenal Tula gespillt hunn.

Freideg

Um Freideg den Owend huet um Optakt vum 3. Spilldag an der Futtball-Bundesliga de FSV Mainz mat 0:4 bei Union Berlin verluer. De Leandro Barreiro huet déi 90 Minutte missen op der Bank Plaz huelen. Fir Mainz war et déi 3 Néierlag am 3 Match.

Back to Top
CIM LOGO