
Am Cyclissem huet sech d’Silvia Splicks Gold an der Stroossecourse geséchert. De Michel Werdel konnt sech iwwer Sëlwer an der Stroossecourse freeën. Ënnerstëtzt goufen déi zwee Sportler op der Plaz vun den Traineren Hélène Nadeau a Roberto Traversini.
Da gouf et e Mëttwoch nach Sëlwer fir den Arthur Fesquet am Schwammen iwwer 100 Meter Brasse, Gold am Unified Dëschtennis fir d’Corinne Bremer an d’Danièle Jankowoy. Bronze iwwer 4x25 Meter am Schwammen. Fir Lëtzebuerg geschwomme sinn d’Christiane Schlesser, de Vincent Borruto, den Arthur Fesquet an d’Carmen Hertz. An nach Gold an der Liichtathletik iwwer 10.000 Meter fir de Ronny Kontz.
Nodréiglech krut nach d’Anne Keilen an der Liichtathletik iwwer 200m Bronze, dat no enger Disqualifikatioun vun enger Konkurrentin.
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.