Olympesch WanterspillerMéiglecherweis zwee Lëtzebuerger am Schi mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Matthieu Osch huet och déi jonk Schifuererin Gwyneth ten Raa nach gutt Chancen, sech fir Peking ze qualifizéieren.
© pressphoto (Archiv)

A ronn 2 Méint fänken zu Peking déi d’Olympesch Wanterspiller un. Am Schi-Alpin huet de Matthieu Osch gutt Chancen, fir no Pyeongchang 2018 nees mat dobäi ze sinn. Nieft him kéint awer nach eng zweete Schifuererin a China starten. Dat 16 Joer jonkt Talent Gwyneth ten Raa ass nämlech ganz no un de 60 FIS-Punkten drun, déi d’Viraussetzung sinn, fir dierfen bei den Olympesche Spiller un den Depart ze goen. Op Säiten vum COSL suivéiert een d’Resultater vum Ufank vun der Saison vum Gwyneth ten Raa ganz genau. Fir den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité Heinz Thews kéint eng Olympia Qualifikatioun méiglech sinn.

© Chrëscht Beneké

Extrait Heinz Thews

Mir wëssen, datt Peking op logisteschem Plang keng einfach Spiller wäerte ginn. Mir bleiwen a ganz enkem Kontakt mat der Schi-Federatioun an och mat den Elteren an och mat der Athletin. Mir wäerte sécher dat maachen, wat fir dat jonkt Lëtzebuerger Talent néideg ass an och wat méiglech ass, fir d’Karriär weider z’ënnerstëtzen. Dozou kann eng Participatioun elo schonns bei Olympia zielen.

D’Decisioun, ob d’Gwyneth ten Raa am Februar zu Peking mat dobäi ass, soll Mëtt Januar falen.

© Chrëscht Beneké

Back to Top
CIM LOGO