FC BarcelonaMessi wëll goen, Barcelona wëll hien halen

RTL Lëtzebuerg
Den technesche Sekretär vum FC Barcelona Ramon Planes huet an enger Pressekonferenz gesot, dass de Veräin op säi Star-Spiller zielt fir déi nächst Saison.
© AFP

De Lionel Messi huet offiziell ugefrot, fir kënnen de Veräin dëse Summer ze verloossen. A sengem Vertrag hat hien eng Klausel, déi him erméiglecht huet, zum Schluss vun all Saison fräi bei engem anere Veräin kënnen ze ënnerschreiwen. Dës ass awer am Juni op en Enn gaangen, wéi d’Saison am Fong sollt fäerdeg sinn. Duerch d’Corona-Pandemie awer huet d’Saison méi laang gedauert an dofir muss lo gekläert ginn, ob seng Kënnegung rechtens ass.

E Mëttwoch huet den FC Barcelona sech zu Wuert gemellt.

Den 33 Joer ale Spiller wier mat der Direktioun vum Veräin net averstanen, esou wéi mat hiren Decisiounen, wéi zum Beispill den Ernesto Valverde z’entloossen oder méi rezent, dass den neien Trainer, déi nächst Saison net méi de Luiz Suarez wéilt am Team hunn. Dofir hätt hien offiziell ugefrot, fir de Veräin kënnen ze verloossen.

Nodeems de President Josep Maria Bartomeu den neie Spiller Francisco Trincão presentéiert huet, war hien awer néirens an der Pressekonferenz ze gesinn an dofir konnt de Ramon Planes a senger Plaz iwwerhuelen. Si misste mam neien Trainer Ronald Koeman a mam President Bartomeu de Messi an hire Pläng fir déi nächst Saison mat arechnen an de Messi misst sech u säi Vertrag halen. D’Ekipp géing weider ronderëm de Messi opgebaut ginn, well hie schliisslech de beschte Spiller vun der Welt wier, sou den technesche Sekretär. Fir dat ze erreechen baséiere si sech op Dialoge mam Spiller an erhoffe sech, de Messi kënnen ëmzëentscheeden. D’Negociatiounen tëscht dem Spiller an dem Veräin missten awer privat bleiwen.

Wou de Messi déi nächst Saison wäert spillen, bleift also nach ongewëss. Verschidde Medien hu gemellt, dass de Spiller ewell mat sengem Ex-Trainer an aktuellen Trainer vu Manchester City soll iwwert ee Wiessel geschwat hunn. Barcelona wier och un de Gabriel Jesus intresséiert, dee fir Manchester City spillt, fir de Luis Suarez z’ersetzen. Dëse kéint an engem Deal fir de Messi mat agerechent ginn. Vill Veräiner, déi sech de Spiller kéinte leeschten, kommen net a Fro. PSG, Manchester City an Inter Mailand sinn déi plausibelst Veräiner, fir de Spiller ze engagéieren.

Den Argentinier schéngt op alle Fall, den Drock op säi Veräi weider ze erhéijen. Hien huet sech nämlech vun all den Trainingen ofgemellt.

Back to Top
CIM LOGO