
Metz - Monaco 0:1
0:1 Badiashile (22')
Metz hat Besuch vum Nico Kovac an dem AS Monaco. De Laurent Jans souz bei der 0:1-Defaite 90 Minutten op der Bänk. De Vincent Thill war um Sonndeg net am Kader vum FC Metz. Den entscheedende Gol vum Dag huet de Badiashile fir d’Monegassen an der 22. Minutt geschoss. Monaco krut duerch de Fofana wuel an der 47. eng Giel-Rout Kaart gewisen, ma sollt Metz näischt méi entgéint setze kënnen.
De Resumé vum Match bei de Kolleege vum 5minutesReims - Lille 0:1
0:1 Bamba (32')
D’Ekipp vum President Gérard Lopez de OSC Lille huet um zweete Spilldag hir éischte Victoire konnten afueren. D’Lokalekipp vu Reims huet et de ganze Match net fäerdeg bruecht, eng gutt Golchance erauszespillen, sou dass d’Victoire fir Lille no 90 Minutte verdéngt ass.
Nantes - Nîmes 2:1
1:0 Girotto (11'), 2:0 Louza (27'), 2:1 Ferhat (57')
Nantes ass vill besser an de Match komm a sou stoung et no enger gudder hallwer Stonn 2:0 fir d’Lokalekipp. An der 2. Hallschent ass et du méi kämpferesch ginn an d’Lokalekipp krut duerch de Loua an dem Fabio 2 Rout Kaarten. Nîmes konnt d’Iwwerzuel awer bis op den Uschlossgol net ganz ausnotzen.