Handball CoupeMiersch an Dikrech stinn och am nächsten Tour

RTL Lëtzebuerg
De Weekend si bei den Hären 1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn. Bierchem, Museldall, Miersch, Dikrech a Schëffleng sinn eng Ronn weider.
© Gilles Tricca

Am Spëtzematch vun den Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg krut den HB Käerjeng Besuch vum HC Bierchem. An et waren d’Gäscht déi sech no 60 Minutte kenne mat 31:25 zu Käerjeng duerchsetzen an esou eng Ronn weider sinn. Vun Ufank un war Bierchem a Féierung. An der Paus louch e mat 4 Goler am Avantage (16:12). No der Paus sollt et bis zur 49 Minutt dauere bis d’Lokalekipp esou richteg am Match war. Ënnert dem Impuls vum Danijel Vukicevic ass ee bis op 1 Gol eru komm (22:23). Mat engem 3:0-Laf vum Leon Biel a Yann Hoffmann huet Bierchem de Käerjenger awer déi lescht Hoffnung geholl, a gewënnt no 60 Minutte verdéngt mat 31:25 zu Käerjeng.

Hei konnt sech am fréie Mëtteg den HB Museldall an eegener Hal mat 39:25 géint Réiden duerchsetzen. Dobäi war et virun allem an der éischter Hallschent eng immens spannend Partie, bei där Museldall mat nëmmen 1 Punkt Virsprong (17:16) an d’Kabinne gaangen ass. Beschte Scorer bei der Lokalekipp war den Enis Behlulaj mat 11 Goler.

Am drëtte Match vum Owend huet Bieles doheem eng däitlech Néierlag missen astiechen. Mat 16:44 verléiert d’Ekipp aus der Promotioun géint Schëffleng aus der AXA League.

Am spéiden Owend hat de Standard dunn nach Besuch vum HB Diddeleng. Hei gouf et eng däitlech 15:38 (8:23) Néierlag fir d’Lokalekipp. Diddeleng steet domat an der 1/4-Finall.

Um Sonndeg huet Miersch géint Rëmeleng mat 40:33 gewonnen.

Péiteng aus der Promotioun huet sech géint de CHEV Dikrech just knapp mat 24:27 misse geschloe ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO