
Déi 58 Joer al Schwéiergewiicht-Legend ass zu Arlington am Texas géint de 27 Joer ale Youtuber a Boxer Jake Paul ugetrueden. De Kampf gouf op Netflix live gestreamed. Den Tyson huet sech nom Match awer zefridde gewisen an och ugedeit, datt hien nach e bësse méi laang aus der Pensioun wäert erauskommen. Finanziell géing dat sech op alle Fall lounen, wéi et heescht hätte béid Athlete 40 Milliounen Dollar fir de Kampf kritt.
