No Kaf vu VëlosekippMilliardär Jim Ratcliffe keeft Futtballclub vun Nice

RTL Lëtzebuerg
Déi vum britesche Milliardär Jim Ratcliffe gefouert Firma Ineos wäert de franséischen Éischtligist OGC Nice iwwerhuelen.
© AFP

De Kaf gouf e Mëttwoch geneemegt. Wéi franséisch Medie mellen, soll de Veräin ronn 100 Millioune kascht hunn. Domat iwwerhëlt de räichste Brit eng weider Ekipp aus der Sportwelt. Eréischt am Mee 2019 hat hien d’Vëlosekipp Sky, déi elo Ineos heescht, iwwerholl. Weider ass hien och bei der Schwäizer Ekipp FC Lausanne an am Seegelsport aktiv.

Ineos, d’Firma vum Ratcliffe ass bei Ëmweltschützer awer net grad gutt ugesinn, well de Chimie-Gigant ëmmer nees Fracking-Methoden uwent a vill Plastik produzéiert. D’Verméige vum Ratcliffe gëtt op ronn 24,5 Milliarden Euro geschat.

Back to Top
CIM LOGO