Viru Montenegro-Lëtzebuerg"Mir dierfe si net ënnerschätzen", sou de Laurent Jans

Tom Hoffmann
Am Futtball steet d'Nationalekipp no 3 Matcher an der Nations League op der 2. Plaz mat 6 Punkten.

Um Méindeg goung et per Charter-Vol a Richtung Montenegro fir den Optakt vun de Retourmatcher. D’Spiller an de Staff schwätze schonn zanter Wochen vun dëser Partie, well géint de Montenegro huet ee bekanntlech nach eng Rechnung opstoen.

Montenegro-Lëtzebuerg/Reportage Tom Hoffmann

Prestatioun am Stade Josy Barthel war richteg gutt a mat e bëssen Gléck a Reussite hätten d’Rout Léiwen och géint de Montenegro eng Victoire gefeiert. Mat 6 Punkten no 3 Spilldeeg kann d’FLF-Formatioun awer zefridden sinn.

De Kapitän Laurent Jans: „Mir kënne ganz zefridden sinn. Mir hu bis elo an all Match eis Qualitéite gewisen. De Match, deen e battere Bäigeschmaach huet, ass dee géint de Montenegro, dee mir ni hätte verléieren dierfen a wou mir och alles gemaach hunn, fir ze gewannen. Mir kënnen en Dënschdeg eis Revanche huelen a mir wäerte probéieren, déi dräi Punkte mat Heem ze bréngen.“

Motivéiert ass d’Ekipp also fir Revanche ze huelen, mee dass d’Rout Léiwen iwwermotivéiert an de Match ginn an esou de Fokus verléieren, ass dem Laurent Jans no net de Fall.

„Mir kennen d’Stäerkte vun der Ekipp a mir wëssen, dass de Montenegro gutt ass a mir dierfe si net ënnerschätzen. Mir kennen awer och eis Stäerkten an et gëtt e Match, deen net einfach ze spille gëtt.“

Eng Onkonstant gëtt et awer an dat ass d’Wieder. Den Terrain ass a kenge gudde Konditiounen, sou datt d’Lëtzebuerger Nationalekipp e Méindeg den Owend net um Terrain konnt trainéieren.

Nieft dem Christopher Martins, deen den Ament zu de verletze Spiller gehéiert, muss d’Ekipp och op de Vahid Selimovic verzichten, dee fir dës Partie Giel gespaart ass. Dat spillt der FLF-Formatioun natierlech net an Kaarten.

„Nee, dat ass evident. Et sinn zwee ganz staark Spiller. De Christopher Martins ass e Pilier vun der Ekipp an et ass ee vun deene wichtegste Spiller, déi mir hunn, mee dat ass ëmmer wat mir soen. Mir hunn e ganz gudde Grupp mat engem gudden Zesummenliewen, eng staark Ekipp, mir hunn net nëmmen 11 Leit am Kader, mee elo ass de Moment fir déi Spiller hannendrun anzesprangen an do maachen ech mir och absolut keng Gedanken.“

D’FLF-Formatioun trainéiert fir den Ofschlosstraining net am Gradski Stadion zu Montenegro, fir de Wues ze schounen.

Den Nations-League-Match Montenegro géint Lëtzebuerg kënnt Dir um Dënschdeg den Owend vun 20.30 Auer un op der Télé, um Radio an um Internet natierlech live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO