Internationale FuttballMiralem Pjanic gëtt beim FC Barcelona net méi gebraucht

RTL Lëtzebuerg
Den FC Barcelona an de Miralem Pjanic wäerte wuel nach virun der nächster Saison getrennte Weeër goen.

D’Katalane wëllen de Bosnier lassginn an och de Miralem Pjanic selwer ass alles aneschters wéi zefridden a Spuenien.

Beim FC Barcelona si mam Sergio Agüero, Memphis Depay an Eric Garcia schonns 3 nei Spiller an d’Ekipp komm elo am Summer an et hofft een, datt een dem Lionel Messi nees en neie Kontrakt ubidde kann.

Dofir muss awer deen een oder anere Spiller goen, dorënner och de Miralem Pjanic. Och de Philippe Coutinho soll op der Ofschosslëscht stoen.

Den 31 Joer ale Pjanic koum jo eréischt virun engem Joer vu Juventus Turin op Barcelona an dohinner kéint de Bosnier elo och nees hin ausgeléint ginn. Och déi zwee Veräiner vu Mailand an d’Tottenham Hotspurs sollen interesséiert sinn.

Back to Top
CIM LOGO