Wettasaz fir Lëtzebuerger EM-QualiMuss de Paul Philipp säi "Schnurres" raséieren?

RTL Lëtzebuerg
Den FLF-President an RTL-Expert huet sech en vue vun enger méiglecher EM-Qualifikatioun vun de Roude Léiwen op eng Wett agelooss.
© RTL

E Mëttwoch den Owend war déi lescht Champions-League-Emissioun virun den decisive Lännermatcher vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp, fir méiglecherweis op der Europameeschterschaft an Däitschland dobäi ze sinn. En vue vun de Matcher den 21. a 26. Mäerz huet de Jeff Kettenmeyer dem Paul Philipp proposéiert, datt wann d’FLF-Formatioun sech wierklech fir d’EM géif qualifizéieren, hien an der nächster Champions-League-Emissioun den 9. Abrëll, live säi “Schnurres”, deen hien elo iwwer 40 Joer huet, géif raséiert kréien. Den FLF-President an RTL-Expert huet dës Wett ugeholl a proposéiert, datt als Géigeleeschtung de Jeff Kettenmeyer misst am Outfit vun der Nationalekipp déi nächst Sendung moderéieren.

Wettasaz vum Paul Philipp
Wa Lëtzebuerg sech fir d’EM qualifizéiert, muss de Schnurres fort!

Lëtzebuerg spillt den nächsten Donneschdeg auswäerts a Georgien. Op RTL kënnt Dir de Match live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO