
No der Qualifikatioun sinn 104 Athleten an den Haapttableau komm. Leider war fir de Jeff Henckels (WR 135) schonn am éischten Tour no der Defaite géint den 20 Joer ale Schweed Kevin Hedenvan Schluss. Deemno ass säin Dram vun enger 4. Participatioun bei den Olympesche Spiller geplatzt. De Jerôme Ansel (WR 485) huet seng zwee éischt Matcher géint den Arkadios Damopoulos an de Feel Stinkens gewonnen, mee huet an der 1/16-Finall géint d’Nummer 4 vun der Qualifikatioun Ram Krishna Saha verluer.
De Pit Klein (WR 59) hat no enger gudder Qualifikatioun e Fräilous bis d'1/16-Finall. No Victoirë géint de Kroat Remar an de Rubel aus dem Bangladesch ass et fir d’Lëtzebuerger Nummer 1 an der Véierelsfinall ëm en olympeschen Ticket gaangen. Géigner war den Éischte vun der Qualifikatioun, den Amirkhon Sadikov. Den 20 Joer alen Usbek ass d’Nummer 38 op der Welt. An dee war ze staark fir de Pit Klein, deen dann och mat 1:7 verluer huet.
An der Ekipp hate Klein, Henckels an Ansel e Samschdeg géint Israel gewonnen, mee du schonn der Aachtelsfinall géint Indien de Kierzere gezunn. Et gëtt elo just nach eng allerlescht Chance an och nëmme fir de Pit Klein.
Direkt no dem Olympic Qualifier gëtt et nach e World Cup zu Antalya. Mat enger gudder Leeschtung kéint de 27 Joer ale Lëtzebuerger nach eng vun de leschte Plazen iwwer d’Weltranglëscht kréien.