FuttballNächste Weekend nees 3 Lëtzebuerger an Däitschland am Asaz

RTL Lëtzebuerg
No iwwer 2 Méint Paus wéinst dem Coronavirus wäert vun e Samschdeg un an der 1. an 2. Bundesliga de Ball nees rullen, dat natierlech ouni Spectateuren.

D’Matcher à huis clos géife fir déi 36 Veräiner e Verloscht vun iwwer 90 Milliounen Euro bedeiten, dat schreift d’Futtballzeitung Kicker e Méindeg.

An deenen zwou ieweschte Ligen an Däitschland si jo och 3 Lëtzebuerger Nationalspiller. De Laurent Jans spillt e Samschdeg mat Paderborn bei Fortuna Düsseldorf, de Leandro Barreiro a Mainz sinn e Sonndeg fir den Derby zu Köln an an der zweeter Bundesliga kritt Karlsruhe mam Dirk Carlson Besuch vun Darmstadt.

D’Bildzeitung schreift e Méindeg, datt et gutt ka sinn, datt a Spuenien, Italien an an England d’Saison den 12. Juni nees weidergeet. Frankräich ass bis elo jo dat eenzegt grousst europäescht Land, dat d’Saison fréizäiteg ofgebrach huet.

Back to Top
CIM LOGO