
“Wéi jidderee gesinn huet, hunn ech grouss Péng an der Bauchgéigend. Ech hunn e Rass am Muskel” sot de Rafael Nadal.
Esou réckelt den Australier Nick Kyrgios automatesch an d’Finall. Fir hien ass et déi éischte Kéier, datt hien an engem direkten Duell ëm e Grand-Slam-Titel ka spillen.
Den Nadal verpasst domadder d’Chance op den drëtte Grand-Slam-Titel vun dësem Joer. Hie konnt jo schonn d’Australien an d’French Open gewannen.