
De Spuenier Nadal steet an der drëtter Ronn vun den US Open. Als ee vun de grousse Favoritte vum Turnéier ass dëst wuel keng Iwwerraschung. De Wee dohi war fir den Nadal allerdéngs méi beschwéierlech, wéi ugangs erwaart. Am éischte Saz géint den Italiener Fognini huet den Nadal nämlech kee Land gesinn. Dësen huet hie mat 2:6 verluer. Duerno huet den Nadal sech allerdéngs zréckgekämpft a Saz fir Saz gewonnen. Dëst obschonns hie Problemer un der Hand hat.
Am véierten a leschte Saz sollt dunn eppes Kuriéises geschéien. Beim Score vun 3:0 ass dem Nadal seng Rackette vum Buedem zeréck an dem Spuenier säi Gesicht geflunn. Dobäi huet den Nadal sech eng bluddeg Nues zougezunn. No enger kuerzer medezinescher Behandlung huet hie misse mat enger Plooschter weiderspillen.
Um Enn setzt sech Rafael Nadal no 4 Sätz mat 2:6, 6:4, 6:2, 6:1 géint de Fabio Fognini duerch.