FuttballNei Ära beim F91 Diddeleng

Franky Hippert
Um sportlechen Niveau gesäit den Ament alles beim Alen aus, ma hannert de Kulisse gouf et an de leschte Méint grouss Verännerungen.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Wann een d’Tabell an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball kuckt, da kéint ee mengen, et wär alles beim Alen. Den F91 Diddeleng steet no 6 Spilldeeg mat engem Match manner, mam Maximum vun de Punkten un der Tabellespëtzt. Hannert de Kulisse gouf et an der Summerpaus awer ee grousse Changement. E Freideg gouf och en neie Comité gewielt.

Nei Ära beim F91 / Reportage Franky Hippert

An de Verwaltungsrot vum Diddelenger Futtballclub kënnt en Dënschdeg den Owend dann och eng éischte Kéier zesummen, de Manou Goergen, Comitésmember vum F91: “Wou dann och déi nei Besetzung gemaach gëtt, President, Vizepresident, Tresorier, Generalsekretär. Mir hunn eng kloer Linn definéiert.”Et kéint gutt sinn, datt de Gerry Schintgen, deen an den 90er Joren den Trikot vum F91 un hat, de Presidenteposte vum Romain Schumacher kéint iwwerhuelen. Eent wat sécher ass, ass datt zanter der Summerpaus d’Zesummenaarbecht mam Sponsor Flavio Becca definitiv eriwwer ass: “Et muss ee ganz kloer soen, datt de Sponsor, deen déi lescht Jore bei eis war, net méi do ass, et gi keng Liene méi. Mir ware frou, datt hien déi lescht Joren do war, mä elo huet eng nei Ära ugefaangen. D’Leit, déi fir de Club schaffen, an d’Supporter sinn awer och frou, wat elo kënnt, an do kann een och vill Freed draus erauszéien.”

RTL-News: Gerry Schintgen ass wéi erwaart neie President vum F91 Diddeleng

De Manou Goergen, deen déi zwou Campagnen an der Europa-League-Gruppephas fir den F91 geréiert hat, hofft, datt an Zukunft nees méi lokal a regional Sponsoren zu Diddeleng matmaachen. Op sportlechem Plang, sollen och nees méi Diddelenger an der éischter Ekipp spillen.

Back to Top
CIM LOGO