
Well d‘Arena vun der Coque vun der Liichtathletik-Federatioun genotzt gëtt, wäerten d‘Halleffinalle vun der Coupe am Basket bei den Dammen an den Hären elo dënschdes a mëttwochs, den 8. an 9. Mäerz am Gymnase gespillt ginn. D‘Coupe-Finalle vun den Dammen an Häre ginn awer weiderhin samschdes, den 12. Mäerz an der Arena vun der Coque gespillt an och op RTL iwwerdroen.
Dënschdes, 8. Mäerz 2022 (Gymnase):
• 18h30 : Amicale Steinsel – T71 Dudelange (Dammen)
• 20h45: Arantia Larochette – Etzelle Ettelbreck (Hären)
Mëttwochs, 9. Mäerz 2022 (Gymnase):
• 18h30: Basket Esch – Résidence Walferdange (Dammen)
• 20h45: Basket Esch – Telstar Hesperange (Hären)
Samschdes, 12 Mäerz 2022 (Arena) :
• 13h15: AS Zolwer – Telstar Hesperange (Coupe FLBB Dammen)
• 15h00: Black Frogs Schieren – Eastside Pirates (Coupe FLBB Hären)
• 17h30: Lalux Ladies Cup Finall
• 20h15: Loterie Nationale Coupe de Luxembourg Finall