
Et wieren nach ze vill Saachen, déi misste kontrolléiert ginn. Neie Stéchdatum fir d’Ouverture wier de Match géint den Aserbaidjan, den 1. September.
D’Aarbechte vum informatesche System géifen nach ëmmer lafen, dee misst stoen, ier alles anescht ka kontrolléiert ginn, huet d’Lydie Polfer nach preziséiert. D’Uefa hat jo Problemer an deem System festgestallt.
Fir de President vun der FLF, de Paul Philipp, geet dann eng laang Waardezäit endlech op een Enn.
“Mir hunn elo een Zil, wat ech eise Leit an der Federatioun an och de Veräiner ka matdeelen. Dass mir den 1. September de groussen Dag hunn, wou eis Nationalekipp hiren éischte Qualifikatiounsmatch ka spillen. D’Uefa hu mir schonns zanter e puer Joer am Genéck, dat ass jo och d’Ursaach, dass mir Drock kruten, fir een neie Stadion ze bauen. Elo musse mir bei hinnen och eng Kéier kënne soen, well mir spille jo nach ëmmer mat enger Derogatioun um Josy Barthel, elo hu mir ee kloert Zil an eng Äntwert, déi mir der Uefa kënne matdeelen.”
Virum éischte Qualifikatiounsmatch muss awer schonns 1 Mount virdrun een Testmatch gespillt ginn, wou ënner reale Konditiounen ënnert anerem alleguerten d’Sécherheetskonzepter getest ginn.