
Elo ass et offiziell - d’Football-Legend Tom Brady trëtt zeréck. De Quarterback vun de Buccaneers huet dëst en Dënschdeg iwwert Instagram matgedeelt.
E Samschdeg schonn haten den ESPN-NFL-Korrespondent Jeff Darlington wéi och den NFL-Insider Adam Schefter matgedeelt, datt eng Decisioun gefall wär. Eng ganz Partie aner Sportler, d’NFL selwer an och eng vu senge Firmen haten him doropshi scho fir seng historesch Karriär gratuléiert.
22 Saisone war den Tom Brady aktiv. An 20 Joer bei de Patriots konnt hie 6 Titele gewannen. Nom Wiessel op Tampa gouf et e weidere siwente Superbowl direkt an der éischter Saison. Aktuell gëtt a gouf et kee Spiller, dee méi Superbowl-Réng gewanne konnt, wéi de Quarterback vun de Buccaneers. Dës Saison huet hie seng Bucs, déi virum Brady een eenzegen Titel an hirer Geschicht feiere konnten, bis an d’Divisonal Round vun de Playoffs gefouert, wou et eng knapp Néierlag an der leschter Sekonn géint d’LA Rams gouf.
De laangjärege Quarterback vun den New England Patriots huet a sengen 22 Saisone quasi all Rekord gebrach, deen et an der NFL ze brieche gouf.