ReidenNicolas Wagner séchert sech Lëtzebuerger Dressur-Championstitel

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend waren um Herchesfeld zu Réiser d’Landesmeeschterschaften an der Dressur bei de Päerd.
Nicolas Wagner séchert sech Dressur-Championstitel
Dëse Weekend waren um Herchesfeld zu Réiser d’Landesmeeschterschaften an der Dressur bei de Päerd.

An der héchster Kategorie Elite hu sech an der Finall de Sascha Schulz an den Nicolas Wagner, deen zu Tokio fir Lëtzebuerg gestart war, gemooss. Um Enn hat den Nicolas Wagner d’Nues vir a konnt sech iwwert de Championstitel freeën.

Fir d’Dressur musse een an engem Rechteck reiden, laanscht deem Buschtawe stinn. Déi Buschtawe musse en no engem bestëmmte Schema ureiden. An der Dressur ass eng vun den Epreuven déi sougenannte Kür op Musek. De Reider muss mat sengem Päerd d’Gangaarte vum Päerd virdroen: Schrëtt,Trab, Galopp an Übunge wéi Piaffe, Pirouette a Passage. Dat Ganzt op Musek, déi hien auswielt.

Den Nicolas Wagner war mat sengem Päerd Quater Back Junior mat engem Virsprong an déi lescht Epreuve gaangen. De Championstitel war him net ze huelen. Dat gëtt engem Sécherheet, mee den Nicolas Wagner moosst sech haaptsächlech u sech selwer.

Den Nicolas Wagner ass eng Kür geridden, déi relativ nei fir Reider a Päerd war. Zu Réiser war eng gutt Geleeënheet, fir se ze perfektionéieren, ier et lo op d’Weltmeeschterschaft geet.

Back to Top
CIM LOGO