Qualifikatioun fir d'UEFA Conference LeagueNidderkuer spillt gläich géint KF Gjiliani aus dem Kosovo
Mat engem 2:2 ass den Allersmatch, deen zu Lëtzebuerg gespillt gouf, op en Enn gaangen.
Conference League: Nidderkuer - KF Gjiliani (13.7.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dobäi war Nidderkuer schonn no 11 Minutten duerch e Gol vum de Almeida a Féierung gaangen an hat déi Avance och bis an d’Paus gerett. Ma kuerz nom Säitewiessel kruten d’Gäscht e Penalty zougesprach, deen de Ramadani och verwandele konnt.
Nidderkuer spillt gläich géint KF Gjiliani aus dem Kosovo
Mat engem 2:2 ass den Allersmatch, deen zu Lëtzebuerg gespillt gouf, op en Enn gaangen.
No 62 Minutten dunn eng weider Féierung fir déi Nidderkuerer. Dëst d’Kéier hat den de Almeida fir den Natami virgeluecht, genau ëmgedréint, wéi nach beim 1:0. Ma just 4 Minutten huet dës Féierung gehalen, well de Ramadani huet eng zweete Kéier vum Punkt getraff. Esou ass dës Partie um Enn 2:2 ausgaangen.
De Retourmatch ass den 20. Juli am Kosovo.
Resumé Qualifikatioun fir UEFA Conference League / vum Serge Olmo