
Aner Spëtzenathleten, déi am ëffentlechen Déngscht sinn, kënne vum Horaire aménagé profitéieren. Viru kuerzem huet den neie Sportminister Georges Engel op der Kaderrevisioun vum COSL awer och annoncéiert, datt eng drëtt Struktur an noer Zukunft fir déi beschte Lëtzebuerger Sportler soll dobäikommen.
“Ee vu mengen Ziler an dëser Legislaturperiod, déi bei mir jo just 19 Méint dauert, ass, fir datt nieft der Karriär an der Arméi och eng zivil geschaaft gëtt. Fir deene Sportler, déi aus ënnerschiddleche Grënn net an d’ Arméi wëlle goen, eng Méiglechkeet ze ginn, fir vun enger sozialer Ofsécherung kënnen ze profitéieren.”
Déi sozial Ofsécherung hunn zum Beispill déi Sportler, déi an der Sport-Sektioun vun der Arméi sinn.