TennisNovak Djokovic fuerdert Reform vun Anti-Dopping-Reegelen

RTL Lëtzebuerg
Hannergrond si Fäll wéi déi vun den Top-Spiller Jannik Sinner an Iga Swiatek, déi allen zwee relativ kuerz gespaart goufen.
© SID/Adrian Dennis

Iwwerdeems goufen aner Spiller däitlech méi streng bestrooft. De Sinner huet eng Spär vun dräi Méint acceptéiert, nodeems e positiv op Clostebol getest gouf, d’Swiatek gouf ee Mount gespaart, iwwerdeems déi fréier Nummer eent op der Welt Halep fir véier Joer gespaart ginn as. Dat gouf duerno op néng Méint reduzéiert. Den Djokovic warnt virdrun, Top-Spiller ze privilegéieren. Vill aner Spiller wieren onzefridden a géingen d’Vertrauen an d’Welt-Anti-Dopping-Agence WADA an d’International-Tennis-Integrity Agency verléieren.

Back to Top
CIM LOGO