Tennis zu WimbledonNovak Djokovic kritt et an der 1/2-Finall mam Jannik Sinner ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme konnte sech d‘Iga Swiatek an d‘Belinda Bencic an hiren Véierelsfinallen duerchsetzen a spillen an der Halleffinall géinteneen.
© AFP

Um Mëttwoch den Owend huet sech bei den Hären de Jannik Sinner a senger Véierlsfinall duerchgesat. De Südtiroler huet mat 7:6 (7:2), 6:4 a 6:4 géint de Ben Shelton gewonnen. An der Halleffinall trefft d’Nummer 1 op der Welt elo op den Novak Djokovic, dee sengersäits den Italiener Flavio Cobolli mat 6:7 (6:8), 6:2, 7:5 a 6:4 geklappt huet.

An der zweeter Halleffinall kritt de Carlos Alcarez et mam Amerikaner Tayler Fritz ze dinn.

Bei den Dammen konnte sech d‘Iga Swiatek an d‘Belinda Bencic an hiren Véierelsfinallen duerchsetzen an treffen an der nächster Ronn openeen. D’Swiatek konnt sech mat 6:2 a 7:5 géint d’Liudmila Samsonova behapten. D’Schwäizerin Belinda Bencic wënnt mat 7:6 (7:3) a 7:6 (7:2) géint d’Mirra Andreeva.

Déi aner Halleffinall heescht Aryna Sabalenka géint Amanda Anisimova.

Back to Top
CIM LOGO