
Den Novak Djokovic trëfft an der Ronn vun de leschte véier Spiller zu Wimbledon op de Lorenzo Musetti. Den Italieener huet sech iwwerraschend a senger Partie mat 3:6, 7:6, 6:2, 3:6 a 6:1 géint den Taylor Fritz aus Amerika duerchgesat.
Bei den Dammen hu sech d’Elena Rybakina an d’Barbora Krejcikova fir d’Halleffinalle qualifizéiert.
D’Rybakina huet sech kloer mat 6:3 a 6:2 géint d’Elina Svitolina aus der Ukrain behaapt. D’Krejcikova huet géint d’Jelena Ostapenko aus Lettland mat 6:4 a 7:6 gewonnen.