
Den Novak Djokovic hat no senger Wimbledon-Victoire nach eng Kéier kloer gestallt, datt hien nach net géint de Coronavirus geimpft ass an hien och net plange géif, sech an Zukunft impfen ze loossen. Dëst ass him dann elo op en Neits zum Verhängnes ginn, well hien ouni Impfung net an d’USA areesen dierf.
Den 21-fache Grand-Slam-Gewënner kann domadder den 29. August net un de Start vun de US Open goen.
Nieft dem Djokovic wäert och den däitschen Alexander Zverev net mat dobäi sinn. Hien ass nach ëmmer blesséiert.