
D’Serie vun de Blessure bei der Lëtzebuerger Futtballnationalekippe, virun de Play-Off Matcher an der Nations League fir sech fir d’Europameeschterschaft an Däitschland ze qualifizéieren, geet weider. Mam Dirk Carlson wäert e weideren FLF-Spiller ausfalen. De Profi vu Sankt Pölten huet e Muskelfaserrëss.
Do virdru war jo scho gewosst, datt den Danel Sinani routgespaart, de Vincent Thill mat engem Kräizbandrass an de Marvin Martins mat engem Faserrass déi Matcher verpassen.
Den 21. Mäerz spillen d’Rout Léiwen an der Halleffinall vun den Play-Offs an der Nations League a Georgien. Wann d’Ekipp vum FLF-Nationaltrainer Luc Holtz do géif gewannen, spillen d’Lëtzebuerger 5 Deeg drop am Stade de Luxembourg an der Final, géint de Gewënner vun där anerer Halleffinall, an dat ass dann entweder Griicheland oder Kasachstan.