Olympesch SpillerOch Franséisch Handballerinne sti ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
An der Finall huet sech Frankräich mat 30:25 géint d'Ekipp vum Russeschen Olympesche Comité duerchgesat.
© RTL

No den Hären hunn och d’Dammen aus Frankräich sech d’Goldmedail am Handball geséchert. D’Franséisinnen hunn e Sonndeg duerch eng 30:25-Victoire (15:13) géint d’Ekipp vum Russeschen Olympesche Comité (ROC) an der Finall zu Tokio hir éischt Olympiavictoire gefeiert an domadder erfollegräich Revanche fir d’Néierlag 2016 zu Rio geholl.

Bronze huet sech wéi schonn 2016 zu Rio a Sydney 2000 den dräifache Weltmeeschter Norwegen geséchert. Si hunn däitlech mat 36:19 (19:7) géint Schweden gewonnen.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO