Schi AlpinOdermatt wënnt Gesamtweltcup, Kriechmayr wënnt lescht Descente vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
Weider huet den Norweger Aleksander Aamodt Kilde déi kleng Kristallkugel vum Descente-Weltcup gewonnen an dat obwuel hien e Mëttwoch just de 4. gouf.
© AFP

Zu Courchevel/Méribel gouf et eng Victoire vum Éisträicher Vincent Kriechmayr, deen um Enn eng Avance vu 34 Honnertstel op de Marco Odermatt a vu 54 Honnertstel op de Beat Feuz hat.

Duerch seng zweet Plaz e Mëttwoch huet de Schwäizer Marco Odermatt, 3 Coursse viru Schluss, dann och schonns sécher de Gesamtweltcup gewonnen. Den Norweger Aleksander Aamodt Kilde gouf e Mëttwoch de 4. a wënnt doduerch déi kleng Kristallkugel vum Descente-Weltcup mat enger knapper Avance vun nëmmen 13 Punkten op de Schwäizer Beat Feuz.

Bei den Damme stoung dann och nach d’Descente zu Courchevel/Méribel um Programm an hei gouf et e wéineg iwwerraschend eng Victoire vum Mikaela Shiffrin. D’US-Amerikanerin hat um Enn eng Avance vun 10 Honnertstel op d’Joana Hählen an d’Christine Scheyer.

Back to Top
CIM LOGO