Den Oli an de Vincent Thill sinn e Samschdeg aus der Ukrain an Ungarn ukomm, wéi eis den Ausseminister Jean Asselborn confirméiert huet. Si waren elo an der Géigend vun Uschogorod, dat ass am Dräilännereck mat Ungarn an der Slowakei. Wéi eis den Erny Decker, Personalchef vun der FLF sot, géif op der ungarescher Säit en Auto, dee vun der Ambassade dohi geschéckt gouf, op d’Lëtzebuerger waarden, dee si da bis op Budapest féiert. Vun der ungarescher Haaptstad aus géif da gekuckt ginn, fir esou séier wéi méiglech e Fliger ze kréien, fir zeréck an de Grand-Duché, sot eis den Erny Decker, Personalchef vun der FLF.
D’Nationalspiller sinn elo geschwënn zanter 48 Stonnen am Krichsgebitt ënnerwee. Elo an der Lescht kruten déi 2 Profie vu Poltawa an d’Fra vum Vincent Thill, déi och dobäi ass, vun der ukrainescher Police gehollef, fir méi séier un d’Grenz ze kommen.
Den Enes Mahmutovic ass zanter e Freideg dem Owend a Polen. De Profi vum FC Lwiw war no iwwer 30 Stonne fueren an op der Grenz waarden, op der sécherer Säit. Am Moment ass hien zu Krakau an engem Hotel. D’FLF kuckt och do, fir hire Spiller op deem séierste Wee nees op Lëtzebuerg ze kréien.
RTL-News: Oli a Vincent Thill ënnerwee a Richtung ungaresch Grenz
RTL-News: Oli a Vincent Thill sëtzen am Moment zu Poltawa fest