
Déi nächst 4 Woche maachen déi 3 Champions League-Commentateure vun RTL keng Paus an ënnerhalen sech am RTL-Podcast „OHJO“ iwwert d’EM. An der éischter Episod hunn den Tim Hensgen, de Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer iwwert den éischte Match geschwat.
Donieft goufen déi grouss Favoritten ënnert d’Lupp geholl an och de Retour vun de Spectateuren war een Thema.
De komplette Podcast fannt dir wéi gewinnt och op RTL Play.
Déi zweet Episod gëtt nom éischte Spilldag vun der Gruppephase opgeholl an deemno den 16. Juni publizéiert.
Episod 1 vum RTL Podcast iwwert d’Futtball Europameeschterschaft mam Tim Hensgen, Paul Philipp a Jeff Kettenmeyer
