
Däitschland ass no der Victoire géint Portugal nees voller Confiance, d’Englänner hu bis elo spilleresch guer net iwwerzeegt an d’Italiener sinn am enke Krees vun de Favoritten.
Ënnert anerem doriwwer schwätzen den Tim Hensgen, de Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer an dëser Episod.
Donieft geet et awer och ëm den X-Faktor vun de Belsch, de Kevin de Bruyne a wisou d’Spuenier grad elo de Sergio Ramos bräichten.
Episod 3 vum RTL Podcast iwwert d’Futtball EM mam Tim Hensgen, Paul Philipp a Jeff Kettenmeyer
De komplette Podcast fannt dir wéi gewinnt och op RTL Play.
