RTL-Podcast: (4)"#OHJO, den EM-Podcast mam Paul Philipp“

RTL Lëtzebuerg
An der véierter Episod vum RTL Podcast „#Ohjo, den EM-Podcast mam Paul Philipp“ geet et ëm den Ofschloss vun der Gruppephas.

Am „#Ohjo, EM-Talk“ analyséieren den Tim Hensgen, de Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer d’Partie tëscht Däitschland an Ungarn a luewen eng sympathesch dänesch Ekipp, déi et och ënnert déi lescht 16 Ekippe gepackt huet.

Donieft kënnt awer och d’Polemik ronderëm d’Reebou-Beliichtung vun der Münchener Arena net ze kuerz, wou d’Uefa keng gutt Figur gemaach huet.

An déi 3 verroden, op wie si géifen 100 Euro wetten, wann et ëm d’Fro vum Europameeschter geet.

Episod 4 vum RTL Podcast iwwert d’Futtball EM mam Tim Hensgen, Paul Philipp a Jeff Kettenmeyer

De komplette Podcast fannt dir wéi gewinnt och op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO