RTL-Podcast: (5)"#OHJO, den EM-Podcast mam Paul Philipp"

RTL Lëtzebuerg
An der 5. Episod vum "#OHJO, EM Podcast mam Paul Philipp" geet et ëm d'Analys vun den Aachtelsfinallen.

Den Tim Hensgen, de Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer schwätzen driwwer, datt d’Fransousen deelweis iwwert hir eegen Arroganz gefall sinn, wisou den Erfolleg vun den Dänen an Tscheche keen Zoufall ass an datt de Match England géint Däitschland net dat gehalen huet, wat ee sech vläicht un Animatioun erhofft hat.

Donieft geet et awer och ëm d’Hoffnung vun de Belsch, fir de Kevin de Bruyne fir den Italien-Match fit ze kréien an datt d’Spuenier sou lues un d’Rulle kommen.

Zu gudder Lescht ginn déi 3 Hären nach hire Pronostic fir d’Véierelsfinallen of.

Episod 5 vum RTL Podcast iwwert d’Futtball EM mam Tim Hensgen, Paul Philipp a Jeff Kettenmeyer

De komplette Podcast fannt dir wéi gewinnt och op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO