
Den Tim Hensgen, de Paul Philipp an de Jeff Kettenmeyer sinn der Meenung, datt d’Italiener elo déi beschte Chancen op den Titel hunn.
D’Equipe vum Roberto Mancini huet géint d’Belsch total iwwerzeegt.
Ma och d’Spuenier dierf een awer op kee Fall ënnerschätzen.
Donieft geet et awer och ëm d’Englänner, déi nach ëmmer kee Gol kasséiert hunn.
D’Britte spillen elo géint déi grouss Iwwerraschung vum Tournoi, dat heescht Dänemark.
Episod 6 vum RTL Podcast iwwert d’Futtball EM mam Tim Hensgen, Paul Philipp a Jeff Kettenmeyer
De komplette Podcast fannt dir wéi gewinnt och op RTL Play.
