Lëtzebuerger Sportler an der UkrainOli a Vincent Thill sëtzen am Moment zu Poltawa fest

Tom Hoffmann
Zesumme mam Veräin a mat der FLF probéiert een, op Lviv un der Grenz mat Polen ze kommen. Hei spillt mam Enes Mahmutovic nach en aneren Nationalspiller.

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Oli Thill spillt zesumme mat sengem Brudder Vincent beim ukrainesche Veräin vu Poltawa. D’Stad mat ronn 300.000 Awunner läit an der Zentralukrain, ronn 350 Kilometer vu Kiew ewech. Esouwuel d’FLF wéi och de Veräin probéieren, datt d’Lëtzebuerger eng Méiglechkeet kréien, fir d’Land ze verloossen. Dat ass den Ament awer alles anescht wéi evident.

Extrait Oli Thill

Bei eis sinn d’Sireene gaangen an eng hallef Stonn duerno hunn ech mam Enes Mahmutovic zu Lviv telefonéiert, du si bei him d’Sireene gaangen. Et ass schonns eppes, wou’s de sees: ‘Et fänkt un eescht ze ginn.’ Gott sei Dank si mir net vun de Bomme getraff ginn, dat wier nach méi schlëmm. Meng Fra a mäi Bouf hunn ech virun zwee Deeg heem geschéckt. Mir hunn elo mam Veräi geschwat, fir ee klenge Minibus ze kréien, fir 8 bis 9 Spiller mat Fraen, fir datt mir iergendwéi op Lviv kommen a vun do iwwer déi polnesch Grenz. De Problem ass, datt mir net déi eenzeg mat deem Plang sinn. Et ass immens vill Chaos, immens vill Stau.Wat och nach ee Problem ass, dat ass, datt all Mënsch wëll tanke goen an et kritt ee just nach 20 Liter.

Vu Poltawa bis op déi polnesch Grenz sinn et ronn 900 Kilometer.

De ganzen Interview mam Olivier Thill
De Lëtzebuerger Nationalspiller, dee fir Poltawa spillt, ass aktuell nach mat sengem jonke Brudder am Land. Zesumme mam Veräin kucke si, d’Ukrain ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO