Lëtzebuerger Futtballer an der UkrainOli a Vincent Thill sinn ënnerwee a Richtung ungaresch Grenz

Franky Hippert
Den Enes Mahmutovic ass aktuell un der ukrainesch-polnescher Grenz a waart, fir eriwwergelooss ze ginn.

Am Moment si jo och nach ëmmer dräi Lëtzebuerger Futtballnationalspiller an der Ukrain. De President vun der FLF Paul Philipp hat e Freideg de Moie fréi scho Kontakt mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn wéi och mat deenen dräi Spiller.

Extrait Paul Philipp

Den Enes Mahmutovic, dee beim FC Lwiw spillt, ass zanter en Donneschdeg den Owend op der ukrainesch-polnescher Grenz a waart nach ëmmer, fir eriwwer gelooss ze ginn. De 24 Joer ale Spiller erlieft d’Situatioun am Moment mat engem gewëssene Stress a Verzweiwlung, well ëmmer nëmmen e puer Leit am Hallefstonnentakt eriwwergelooss ginn. Soubal den Mahmutovic op der polnescher Säit ass, kuckt d‘FLF, fir de Spiller esou séier wéi méiglech op Lëtzebuerg ze kréien.

Déi zwee Thill Bridder, den Oli an den Vincent, béid Profi bei Poltawa, sinn elo zanter méi wéi 12 Stonne mat engem Minibus, dee si vum Veräin geléint kruten, ënnerwee an Direktioun ungaresch Grenz, si hunn nach ronn 8 Stonne (Stand 12. Auer e Freideg) bis dohin. Ënnerwee wär et bis op e puer Kontrollen an e puer Militärween zimmlech roueg, wat de Konflikt selwer ugeet. Fir virun ze kommen, wär awer den Horror. Iwwert déi ukrainesch-ungaresch Grenz soll et besser eriwwergoen, wéi iwwert déi polnesch, kruten déi zwee vun hirem Club gesot. Si mussen hiren Auto awer eng gewëssen Distanz virun der Grenz scho nees ofginn, a mussen da kucken, wéi se bis bei d’Grenz kommen. Fir de 25 Joer alen Oli an den 22 Joer ale Vincent Thill, gëllt dat nämmlecht wéi fir hire Kolleeg aus der Nationalekipp. Soubal si iwwert d’Grenz sinn, gëtt och do gekuckt, si esou séier wéi méiglech an de Grand-Duché afléien ze loossen.

RTL-News: Oli a Vincent Thill sëtzen am Moment zu Poltawa fest

Back to Top
CIM LOGO