BundesligaOliver Glasner iwwerhëlt Trainerposte bei Eintracht Frankfurt

RTL Lëtzebuerg
D'Trainerkarussell an der Bundesliga dréit weider monter virun. Den Oliver Glasner gëtt Successeur vum Adi Hütter zu Frankfurt.
© AFP

De 46 Joer alen Trainer wiesselt domat vum Ligakonkurrent VfL Wolfsburg bei d’Eintracht. Den Éisträicher ënnerschreift e Kontrakt vun 3 Joer zu Frankfurt.

De Glasner souz zwou Saisone laang zu Wolfsburg op der Trainerbänk. An der éischter Saison koum de VfL mat him op déi 7. Plaz, dëst Joer war et esouguer déi 4. Plaz an domat dann och d’Qualifikatioun fir d’Champions League.

Back to Top
CIM LOGO