Mat Hëllef vun der ukrainescher Police, der Lëtzebuerger Ambassade an Éisträich, dem Jean Asselborn an der FLF konnten déi zwee Fussballprofien zesumme mat der Fra vum Vincent Thill d’Krichsregioun séier verloossen.
Den Oli a säi Brudder Vincent sinn also nees sécher zu Lëtzebuerg ukomm. A grad wei d’Gebridder Thill ass am freien Owend och den Enes Mahmutovic erëm sécher hei am Land ukomm. Den 3. Lëtzebuerger Profi an der Ukrain ass iwwer Polen aus der Krichsregioun geflücht.
Wärend déi 3 Fussballprofie Chance haten, fir aus der Ukrain erauszekommen, sëtzen nach (Stand Sonndeg de Moien) iwwer eng Dose Lëtzebuerger do fest. Esou och d’Svetlana Parkhomenko. Si ass d’Fra vum Ed Sauer a war wéinst engem Stierffall an hirem Heemechtsland.
De Steeseler Geschäftsmann ass besuergt an hofft seng Fra an d’Mamm vum Max geschwënn erëm hei am Land ze hunn.
Bis d’Svetlana a Sécherheet ass, wäerten nach laang a schwiereg Stonne vergoen.