
Een erfollegräiche Samschdeg-Nomëtteg hat de Florian Bohnert mam FK Pirmasens: De Lëtzebuerger konnt seng Faarwen an der 61. Minutt mat 1:0 a Féierung schéissen. 1:0 war dann och d’Schlussresultat an domat den Dräier fir Pirmasens.
De Leandro Barreiro war e Samschdeg mat der U19 vu Mainz 05 am Asaz. D’Rheinhessen sinn zu Suttgart op hir Alterskollege getraff a konnten auswäerts mat 3:1 gewannen. De Barreiro konnt an der 76. Spillminutt den 2:0 markéieren an huet domadder seng Faarwen a Richtung Victoire geschoss.
Waldhof Mannheim an de Maurice Deville sinn e Samschdeg an der Regionalliga Südwest op déi 2. Ekipp vum SC Freiburg getraff. Den Tabellen-Leader vu Mannheim konnt sech mat 2:0 duerchsetzen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet vun Ufank u gespillt, ass awer an der 69. Spillminutt ausgewiesselt ginn.
Am japanesche Championnat huet Jubilo Itawa mam Gerson Rodrigues 0:0 bei Sanfrecce Hiroshima gläichgespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun a gouf an der 69. Minutt ausgewiesselt.
An der Ligues 2 huet Troyes auswäerts géint Auxerre mat 2:0 gewonnen. De Christopher Martins stoung fir d’Gäscht déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Troyes steet no 27 Spilldeeg op der 6. Plaz an der Tabell.
An der National a Frankräich war et een Owend fir ze vergiesse fir Pau an de Vincent Thill. Virun den eegene Spectateuren huet ee mat 0:2 géint Tours verluer. De Vincent Thill huet déi 90 Minutten duerchgespillt. No 24 Spilldeeg steet Pau op der 13. Plaz an der Tabell an ass nëmmen 2 Punkte vun der Relegatiounsplaz ewech.
An der Regionalliga Südwest huet Elversberg auswäerts Astoria Walldorf mat 5:0 iwwerrannt. Den Aldin Skenderovic stoung am Kader vun Elversberg, hie gouf awer net agewiesselt.
An der Premier League 2 huet Middlesbrough mam Enes Mahmutovic géint d’Wolverhampton Wanderers een 0:0-Remis gedeelt. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.