
No enger laanger Paus duerch de Coronavirus, geet et e Samschdeg fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe nees ëm Punkten. An der Nations League kréien d’Rout Léiwen et e Samschdeg den Owend um 18 Auer eiser Zäit, zu Baku mam Aserbaidschan ze dinn. Bei der FLF-Formatioun waren nach 3 Pilieren ongewëss.
Luc Holtz: Kiki Martins sinn ech frou, datt mir hien um Fluchhafe konnte recuperéieren. Hien huet nach eng Blessur un den Adducteuren matbruecht, mir maachen alles, datt hie muer ka spillen. Beim Vincent gesäit et gutt aus. Beim Gerson musse mer ofwaarden. Hie wäert awer den Owend net mam Grupp mat trainéieren. Vun enger normaler Preparatioun ka keng Rieds sinn. Ech konnt net eng Kéier an där Formatioun trainéiere loossen, wéi ech wollt, an ech hu verschidden Organisatiounen an Animatiounen duerchspille gelooss.
Aserbaidschan-Lëtzebuerg, kënnt Dir och e Samschdeg den Owend live hei op RTL, um Radio, op der Tëlee an op rtl.lu suivéieren.